Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren
Mir brauchen eng Landwirtschaft, déi och nach an honnert oder dausend Joer bestoe kann.
En Abléck an d’Welt vun der Biolandwirtschaft. Am Film begéinen mir verschiddene Protagonisten, déi de Wee vun der Biolandwirtschaft ageschloen hunn a weider mat Iwwerzeegung hannert dëser Iddi stinn. Sie weisen an erzielen wéi ëmfangräich d’Entwécklung an de leschte Joren bei der Produktioun, Vermaartung a Fuerschung an dësem Beräich vun der Landwirtschaft war.

Trailer

NÄCHST PROJEKTIOUNEN

Freideg
15.03
19:00

Veräinshaus

Veräinshaus

7, op der Héicht
L-7475 Schoos

 

Reservéiert Är Plazen bis
den 12.03.2024 ënnert
folgender E-mail-Adress:
laurent.schiltz@acfischbach.lu

Gemeng Fëschbech

Mëttwoch
20.03
19:00

Käerjenger Treff

Käerjenger Treff

54C avenue de Luxembourg

L-4950 Bascharage

Ouni Umeldung

Gemeng Käerjeng & Péiteng

Donneschdeg
21.03
19:00

Kino Waasserhaus

Kino
Waasserhaus

Avenue des Bains
L – 5610 Mondorf-les-Bains

Ouni Umeldung

Gemengen:

Bous-Waldbredimus

Duelem

Lenneng-Kanech

Munnërëf

Schengen

Stadtbredimus

Ville de Remich

Samschdeg
23.03
19:00

Centre Culturel Rammerich

Centre Culturel vu Rammerich

8, Rue du Nord

L-8808 Rambrouch

Umeldung bis de 15. Maerz um 12h00

per E-Mail: nadine.gilson@rambrouch.lu

Kanton Réiden

Méindeg
25.03
19:00

Centre Polyvalent A Schommesch

Centre Polyvalent A Schommesch

18 Rue d’Ernster
L-6977 Oberanven Niederanven
Gemeng Niederanven

Dënschdeg
26.03
19:00

Centre Culturel Mertert

Centre Culturel Mertert

8, Rue de Parc

L-6684 Mertert

Reservatioun bis den 21.03.2024
per E-Mail:
reception@mertert.lu

Gemengen Rouspert/Mompech, Mertert, Gréivemaacher, Wuermer, Manternach

Mëttwoch
27.03
19:00

ArcA

ArcA

17, rue Atert

L-8051 Bertrange

Reservatiounen bis den 18.03.2024 op reservations@bertrange.lu

Gemeng Bertrange

Dënschdeg
16.04
19:00

Baastenduerf am Festsall

Festsall Baastenduerf

6, Haaptstrooss
L-9350 Bastendorf

Umeldung bis den
8. Abrëll per E-Mail op:
invitations@tandel.lu

Gemeng Tandel

 

Mëttwoch
17.04
19:00

Centre culturel Paul Barblé

Centre culturel Paul Barblé

Rue des Romains

L-8041 Strassen

Reservatioun op: www.strassen.lu

Gemeng Stroossen

 

Donneschdeg
18.04
19:00

Centre Culturel Sall A Maesch

Centre culturel
« Sall A Maesch »

4, rue de lʼéglise
L-9142 Burden

Ouni Reservatioun

Gemeng

Ierpeldeng-Sauer

Dënschdeg
23.04
19:00

Lintgen

Weider Detailer kommen nach no.

Freideg
26.04
19:30

Centre culturel Eppeldorf « Härenhaus »

Centre culturel
Eppeldorf « Härenhaus »

6, Gaich

L-9365 Eppeldorf

Ouni Reservatioun

Gemeng

Aerenzdallgemeng

Donneschdeg
16.05
19:00

Ciné Le Paris

Ciné Le Paris
12 Rue de la Gare L-3236 Bettembourg

ouni Reservatioun

Gemengen:

Obeler, Fennen, Beetebuerg, Hunchereng, Näerzeng

Réiserbann

Donneschdeg
23.05
19:00

Festsall Ollem

Festsall zu Ollem

10, rue de Capellen

L-8323 Olm

ouni Reservatioun

Gemengen:

Kielen

Koplescht, Briddel

Stills aus dem Film

SYNOPSIS

vu Buedem, Bauzen a Biobaueren

Wärend Joerzéngte wollt d’Agrarpolitik vun eise Baueren, dass si vill a bëlleg produzéieren. Haut wësse mer, dass e System, deen nëmmen op Wuesstem opgebaut ass, weltwäit zu groussen Ëmweltschied féiert an zu Problemer, déi mer ëmmer manner am Grëff hunn. Wa mer näischt änneren, riskéiere mer, dass mer geschwënn iwwerhaapt keng Liewensmëttel méi produzéiere kënnen.

Biolandwirtschaft ass eng Léisung, déi sech ëmmer méi Länner op de Fändel schreiwen. Och zu Lëtzebuerg soll et a manner wéi 30 Joer just nach Biobetriber ginn.

VU BUEDEM, BAUZEN A BIOBAUEREN weist Mënschen, déi haut scho mat vill Motivatioun Bio maachen. Baueren a Wënzer huelen eis mat op hiren Haff an op hir Stécker a weisen eis, wat si maache fir Liewensmëttel ze produzéieren déi gesond si fir de Mënsch an d’Natur, déi Ressourcë schounen an um Enn e Gewënn fir déi ganz Gesellschaft sinn.

Crew

Realisatioun:

Tom

Alesch

Produktioun:

Daniela

Noesen

Aender

Schanck

Bild:

Nikos

Welter

Toun:

Doreen

Teyka

Musek:

Marc

Mergen

Schnëtt:

Pia

Dumont

Cast

Mam

Hendrik

Von Carlowitz

Jean-Louis

Colling

Monique

Faber

Claude

Felten

Francis

Jacobs

Jean-Marie

Kaes

Jean-Paul

Kaes

Marie-Anne

Kaes-Wagener

Tom

Kass

Anja

Staudenmayer

Willy

Kass

Patrick

Kolbusch

Guy

Krier

Fränk

Miller

Daniela

Noesen

Ben

Mangen

Volker

Manz

Daniel

Schaaf

Aender

Schanck

Jos

Schanck

Marlene

Schanck

Viviane

Schanck

Caroline

Witry-Massard

Pierre

Witry

Stéphanie

Zimmer

Note d’intention

„Wa se Bio kafen, dann denken déi meescht Leit virun allem un d’Gesondheet.“ Dat war eng vun den éischten Informatiounen, déi ech vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft krut, wéi mer iwwerluecht hunn, wéi e Film mer eigentlech maache wéilten. De Wonsch war ze weisen, dass Biolandwirtschaft iwwert de Gesondheetsaspekt eraus nach aner Virdeeler huet, déi d’Leit net kennen.

Villes wosst ech schonn: Duerch Pestizide stierwen d’Insekten, fir de Soja dee mir eisen Notzdéiere verfiddere gi Reebëscher ofgeholzt, d’Produktioun vu Konschtdünger brauch extreem vill Energie an eng ze vill intensiv Kultur mécht, dass eis Biedem ëmmer manner fruchtbar ginn. Mir war kloer, dass déi Form vu Landwirtschaft, wéi mer se déi lescht Joerzéngte gemaach hunn, un hir Grenze stéisst. Wa mer eis natierlech Systemer weider esou iwwerstrapazéiere wéi bis elo, da riskéiere mer, geschwënn iwwerhaapt keng Liewensmëttel méi produzéieren ze kënnen.

An dëser Situatioun weise mer gär mam Fanger op d’Baueren. Et muss een awer gesinn, dass si joerzéngtelaang duerch d’Agrarpolitik encouragéiert goufen, fir eng Landwirtschaft ze maachen, déi vill a bëlleg produzéiert, op Käschte vun der Natur an vu sozialen Ongerechtegkeeten.

Biologesch Landwirtschaft kann eng Léisung vun all dëse Problemer sinn. Mee wa mer vun enger Ëmstellung am grousse Stil schwätzen, ass fir mech eng zentral Fro, ob mer mat 100% Bio genuch Liewensmëttel produzéiere kënnen, fir dass all d’Mënsche genuch z’iessen hunn.

Dacks hunn ech gelies, dass biologesch Landwirtschaft manner produzéiert wéi konventionell Methoden. Dat stëmmt fir eis Regiounen, awer fir vill aner Länner, zum Beispill an Afrika, ass et genee ëmgedréint. A mir produzéieren haut vill méi wéi mer brauchen. D’Argument, dass mer Bëscher ofholze missten, fir genuch Agrarfläche fir eng konsequent Biolandwirtschaft ze hunn,
schéngt op jiddwer Fall falsch.

Seriö Etüden, zum Beispill déi, déi 2010 vum Rapporteur spécial vun der UNO fir d’Recht op Ernärung, dem belsche Jurist Olivier de Schutter, publizéiert gouf, weisen, dass Bio d’Welt ernäre kann, souguer wa mer an noer Zukunft villäicht zu 10 Milliarde Mënsche sollte sinn. Aner Etüden, déi deem widderspriechen, ginn an der Reegel dovun aus, dass mir et net packen, d’Verschwendung vu Liewensmëttel vun haut ongeféier 40% op ronn d’Hallschent ze limitéieren. An dass d’Mënschen net kapabel sinn, hire Konsum un Déiereprodukter wéi Eeër, Mëllech a Fleesch ze reduzéieren. Well ronn dräi Véierel vun de Kalorien déi op eise Felder wuesse gi verluer, wa mer se net selwer iessen, mee un eis Notzdéiere verfidderen. De Pessimismus vun dësen Hypothesen deelen ech net.

Zanter kuerzem gesäit och d’Politik biologesch Landwirtschaft als Léisung fir villes wat ökologesch aus dem Rudder leeft. Als eng Produktiounsform, déi wierklech nohalteg ass a laangfristeg bestoe kann.

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren wëll en Abléck an dës Landwirtschaft ginn, andeems de Film deene Leit d’Wuert gëtt, déi haut scho Bio liewen. Baueren, Wëssenschaftler, Händler a Virdenker deelen hiert Fachwëssen, si weisen eis hir Techniken a schwätze vun hire perséinleche Motivatioune fir eng „aner“ Landwirtschaft ze woen.

Dobäi gëtt och kloer, dass d’Baueren op eis all ugewise sinn. Als Konsumente kënne mir déi Betriber ënnerstëtzen, déi esou produzéieren, dass et der Natur, eisen Notzdéieren an eis all gutt deet. D’Landwirtschaft ass e groussen Hiewel um Wee an eng zukunftsfäeg Gesellschaft. Well iesse musse mer. An ëmmer wa mer Liewensmëttel akafe kënne mer matentscheeden, wéi produzéiert gëtt.

Tom Alesch,
Oktober 2022

"Hätt ee mär deemols gesot: A sechs Joer stells du ëm op Bio, ech hätt gesot: Ma hues du se nach all...?!“
Pierre WITRY
"Et huet mech impressionéiert, dass een och Landwirtschaft ouni chemesch-syntheetesch Dünger a Sprëtzmëttel maache kann."
Jean-Marie KAES
"Wann een an der Landwirtschaft versicht méiglechst bëlleg ze produzéieren, dann huet een hannendru Kollateralschied. An déi bezillt schlussendlech d’Allgemengheet."
Jean-Lou COLLING
"Meeschtens mécht et Spaass, Bauer ze sinn, mee heiansdo sees de och: Jëses, Maria, Jousef, wat maache mer hei?“
Fränk MILLER
"Um Feld kënnt och heiansdo en Onkraut duerch, mee dat soll jo esou sinn, et muss och eppes do si fir d’Insekten."
Jos SCHANCK
"D’Leit si bei eis um Haff jidderzäit wëllkomm. Mir soen: Kommt, kuckt eis no wéi mer schaffen, mir hu wierklech näischt ze verstoppen.“
Tom Kass

Downloads

Pressekit

An dësem Dossier fannt dir: Logo vum Film, Synopsis, Fotoen, Filmplakat, Logoe vun de Partner a Sponsoren

Pedagogeschen Dossier

Entdeckt d’Spill zum Film "vu Buedem, Bauzen a Biobaueren"

Artikelen a Pressestëmmen

Filmpreis: Agrofilm 2023

„Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren“ gewinnt seinen ersten internationalen Filmpreis

10. Luxemburger Filmpreis 2023

„Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren“ ist nominiert für den 10. Luxemburger Filmpreis 2023

Bericht

Avant-Première

RTL

De Journal vun der Télé

RTL

Reportage

RTL

Radio

mywort

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren

Luxemburger Wort

Tageblatt

Der Film „Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren“ ist eine Hommage an „Land a Leit“

Forum

Biolandwirtschaft

Infogreen.lu

Sortie du film Vu Buedem, Bauzen a Bio-Baueren

Script.lu

Film ‘Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren’

Monarchie.lu

Avant-première du film documentaire "Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren"

    KONTAKT

    Dir hutt eng Fro? Dir wëllt de Film “vu Buedem, Bauzen a Biobaueren” an ärer Gemeng weisen. Da fëllt dëse Kontaktformulaire aus.

    Mir mellen eis da bei Iech fir weider Infoen.